Skip to main content

Schouljoer 26/27

  • Gratis Schoulbicher
    fir all Schüler

    Obligatoresch Schoulbicher si gratis fir Schüler aus dem Enseignement Secondaire an der Beruffsausbildung.
    Weider Informatiounen
  • Online-Login
     

    D'secher App (app.mybooks.lu) erlaabt dir, Schoulbicher auszewielen, déi s du dann an enger Librairie ofhuele kanns, ouni eppes ze bezuelen.
    Online-Login

  • Akafsbongen fir d'Notzen
    vu gebrauchte Bicher 

    Fir all obligatorescht Schoulbuch, dat's du net nei kafe muss, kriss du en Akafsbong fir aner Bicher am Wäert vu 50 % vum Präis vum Schoulbuch.
    Weider Informatiounen

Brauchs du Hëllef mat der App?

Luet hei d'Informatiounsblat erof an zéck wgl. net, eis ze kontaktéieren.

Eroflueden

Partner Librairien

FAQ

Wie ka gratis Schoulbicher kréien?
1. Fir wéi eng Klasse gëtt et gratis Schoulbicher?
  1. Wann s du an enger vun deenen heite Klasse bass, wiels du deng Bicher op app.mybooks.lu aus:
    1. a) Klasse vum Enseignement secondaire classique a général an aus der Beruffsausbildung vun allen ëffentleche Lëtzebuerger Lycéeën (kuck och de Punkt  2.a);
    2. b) Klassen a Privatschoulen, déi de Programm vun der ëffentlecher Lëtzebuerger Schoul applizéieren (École privée Fieldgen, École privée Marie-Consolatrice, École privée Sainte-Anne, Lycée privé Emile Metz, École privée Notre-Dame);
    3. c) europäesch Klasse vun der ëffentlecher Schoul (École internationale Differdange et Esch-sur-Alzette (EIDE), Lënster Lycée International School (LLIS), École internationale Edward Steichen Clervaux (LESC), École internationale de Mondorf-les-Bains (EIMLB), École internationale Mersch Anne Beffort (EIMAB), École internationale Gaston Thorn (EIGT)).
  2. Wann s du an enger vun deenen heite Klasse bass, kriss de deng gratis Schoulbicher direkt an denger Schoul:
    1. a) Voie de préparation-Klassen, Classes d’accueil (ACCU), CLIJA/CLIJAA-Klassen, international Klassen an enger ëffentlecher Schoul, déi zum International Baccalaureate féieren.
2. Wann ech eng Klass doubléiere muss, kréien ech meng Bicher dann och gratis?

Jo.

3. A wann ech wärend dem Joer den Ordre d’enseignement, d’Sektioun oder d’Schoul wiesselen?

Da kanns du nach eemol vun der gratis Offer profitéieren.

Wéi eng Schoulbicher si gratis?
1. Wat gëllt als gratis Schoulbuch?

Gratis sinn:

  • déi vum Schoulprogramm virgeschriwwe obligatoresch Schoulbicher;
  • déi Schoulbicher, déi d’Lycéeën als obligatoresch Bicher wielen;
  • déi digital Versioune vun dëse Schoulbicher, wann et se gëtt;
  • obligatoresch Support de coursen a Form vu Fotokopien (wann et keng obligatoresch Bicher ginn), déi s du an dengem Lycée kriss.
2. A wann e Schoulbuch e puer Joer laang um Programm steet?

An deem Fall hues du just eng Kéier e gratis Buch zegutt.

Wéi kréien ech meng gratis Schoulbicher?
1. Wéini kréien ech meng gratis Schoulbicher?

Fir d’Schouljoer 2026/2027 kanns de deng Schoulbicher tëscht dem 23. Juli 2026 an dem 15. Juli 2027 via app.mybooks.lu kréien.

Nom 15. Juli 2027 kanns du fir d'Schouljoer 2026/2027 keng Schoulbicher méi gratis kréien. 

A wann ech en Noexamen (travail de vacances) am September 2026 muss maachen? Wéini kann ech da meng Bicher auswielen?

Soubal s du d’Resultat vun dengem Noexame kritt hues, gëss du vum Sekretariat vun dengem Lycée an deng nei Klass ageschriwwen. Den Dag duerno kanns du deng Bicher auswielen.

2. Wéi geet dat?

Fir unzefänken, muss de op d’Säit www.mybooks.lu goen.

Klick op den Button app.mybooks.lu.

Connectéier dech mat dengem IAM-Login (lies och ënnen den Abschnitt : Brauchs du Hëllef?).

Du kënns op d’Säit vun dengem perséinleche Profil mat der Lëscht vun de Schoulbicher, déi s du kréie kanns.

Du wiels deng Bicher aus. Si ginn an der App mat hirem jeeweilege Barcode affichéiert.

Du gees mat dengem Smartphone oder Tablet an de Bicherbuttek (lies weider ënnen den Abschnitt : Wou kann ech meng Schoulbicher siche goen?). Wann s de weder e Smartphone nach en Tablet hues, kanns de der d’Barcodë vun de Bicher, déi s du ausgewielt hues, och erausdrécken.

De Libraire scannt d’Barcoden an a gëtt dir deng Bicher.

Soubal d’Barcoden an der Librairie gescannt goufen, kanns du deng Bicher net méi ëmtauschen. Kontrolléier also, ob s de déi richteg Bicher erausgesicht hues, ier s de an d'Librairie gees.

3. Wat soll ech maachen, wann et en obligatorescht Schoulbuch op Franséisch an op Däitsch gëtt?

Wann et vun engem obligatoreschen Schoulbuch op denger Lëscht eng franséisch an eng däitsch Versioun gëtt, da fro däin Enseignant beim Schoulufank, wéi eng Versioun dass du brauchs.

4. Wou kann ech meng Schoulbicher siche goen?

Du kanns deng Schoulbicher an eng vun de Librairie siche goen, déi beim Programm myBooks.lu als Partner matmaachen. Klick hei, fir d’Lëscht ze gesinn.

Wann en obligatorescht Schoulbuch mat "Liwwerung un d'Schoul vum SCRIPT geplangt" markéiert ass, kanns du et um Ufank vum neie Schouljoer an der Schoul ofhuelen.

5. Muss ech meng Schoulbicher all an enger Kéier an an en eenzegen Bicherbuttek siche goen?

Nee, du kanns deng Bicher an e puer Etappen an och a verschidde Bicherbutteker siche goen; déi gewielte Librairien musse just op der Lëscht vun de Partner vu myBooks.lu stoen. 

6. Wéi kommen ech un déi digital Versioun vun engem Schoulbuch?

Fir verschidde Schoulbicher gëtt et eng digital Versioun (eBook) oder en eContent. Soubal s du däi Buch an de Bicherbuttek siche waars, hues de Zougrëff op déi digital Versioun iwwer app.mybooks.lu. An der Rubrik eContent fënns de den Zougangscode. Du kanns dat ganzt Schouljoer drop zougräifen.

7. Wéi kann ech als Elterendeel op d’Lëscht vun de gratis Schoulbicher vu mengem Kand zougräifen ?

Eltere kënnen op d’Lëscht vun de gratis Schoulbicher vun hire Kanner zougräifen andeems si sech iwwer eduguichet.lu aloggen.

8. Wat geschitt, wa mäi Schoulbuch de Statut "Liwwerung un d'Schoul vum SCRIPT geplangt" huet?

Et ka sinn, dass de SCRIPT en neit Exemplar vum obligatoresche Schoulbicher huet.

An dësem Fall gëtt d’Buch direkt an dengem Lycée fir d’Schoulrentrée geliwwert.

Soubal d’Buch am Lycée verfügbar ass, ännert säi Statut an der Applikatioun op "Vum SCRIPT an de Lycée geliwwert".

9. Wou kann ech meng Schoulbicher ofhuelen, wann de Status „Vum SCRIPT an d'Schoul geliwwert“ ugewise gëtt?

Wann de Status „Vum SCRIPT an d'Schoul geliwwert“ ugewise gëtt, bedeit dat, datt d’Schoulbicher direkt an deng Schoul geschéckt goufen. D’Schoul wäert dech sou séier wéi méiglech informéiere wéini a wou’s du däi Pak ofhuele kanns.

Wou kréien ech mäin Akafsbong fir aner Bicher?
1. Ëm wat handelt et sech beim Akafsbong fir aner Bicher?

De Ministère ënnerstëtzt den nohaltegen a responsabele Gebrauch vu Schoulbicher. Wann s du scho gebrauchte Schoulbicher hues oder dës zum Beispill iwwer upbooking.lu kritt hues, da muss du net dat selwecht Buch bei app.mybooks.lu huelen. Du kanns d'Buch op app.mybooks.lu ofwielen a kriss en Akafsbong am Wäert vu 50 % vum Präis vum Buch.

Den Akafsbong kann nëmme fir de Kaf vu Bicher agesat ginn (Schoulbicher, déi bezuelt musse ginn, oder aner Bicher).

2. Wat muss ech maachen, fir den Akafsbong ze kréien? 

Soubal s du sécher bass, dass de e Schoulbuch net nei brauchs, klicks de an der App op « Bicherbong ». Da gi 50 % vum Neiwäert vun deem Buch als Bicherbong op dengem Kont guttgeschriwwen, dee bis de 15. Juli 2027 gëllt. Du kanns de Bong direkt notzen oder e spéider mat anere Bonge kombinéieren.

Fir de Bicherbong anzeléisen, geess du an ee vun de Bicherbuttiker, déi bei myBooks.lu matmaachen. Wann d’Buch, dat s du kafe wëlls, méi bëlleg ass wéi de Wäert vun dengem Bong, kanns de de Reschtwäert spéider notzen. Wann d’Buch méi kascht, muss du d’Differenz aus denger Täsch bäileeën.

3. Wou kann ech mäin Akafsbong benotzen?

Du kanns de Bong just an deene Bicherbuttiker benotzen, déi op der Lëscht vun de Partner vum Programm myBooks.lu stinn. Klick hei, fir d’Lëscht ze gesinn.

4. Kann ech online akafe mam Akafsbong?

Nee, du muss selwer an e Bicherbuttek goen.

5. Wéi laang ass mäin Akafsbong gutt? 

Den Akafsbong ka bis de 15. Juli 2027 ageléist ginn.

6. Kann ech enger anerer Persoun mäin Akafsbong ginn?

Nee, de Bong ass op däin Numm ausgestallt. Du däerfs e just fir déi Bicher benotzen, déi s du selwer brauchs.

Wat soll ech maachen, wann e Schoulbuch oder Akafsbong verluer oder geklaut gouf?
1. Wat geschitt, wann ech Schoulbicher geklaut kréien oder se verléieren?

De Ministère ersetzt keng geklauten oder verluere Schoulbicher a rembourséiert se och net.

2. Wat geschitt, wann ech d’Barcodë vu menge Schoulbicher oder den Akafsbong verléieren oder geklaut kréien?

Wann s du en erausgedréckte Barcode verluer oder geklaut kritt hues an eng aner Persoun e benotzt huet, da kanns de déi betreffend Schoulbicher net méi gratis kréien. Dat Nämmlecht gëllt fir den Akafsbong.

3. Wat geschitt bei Bedruch?

Bei Bedruch oder Mëssbrauch vum Programm myBooks.lu a bei Fälschung vun Dokumenter kann de Ministère déi ganz Zomm vun der finanzieller Hëllef oder en Deel dovun zeréckverlaangen an déi geriichtlech Schrëtter aleeden, déi hie fir néideg hält.

Helpdesk

Hues du d'Äntwert op deng Fro nach net fonnt? 
Hues du e techneschen Problem begéint?
Mell dech bei ons!

Fir weider Informatiounen, schéck eis wgl. eng E-Mail un 
mybooks@men.lu